IWWER ONS

ZESUMMEN SI MER STAARK

Wie si Mir

D’Union Commercilae et Artisanale vu Cliärref ass den Dréi- an Angelpunkt fir de Commerce zou ClIärref ze dynamiséieren. Ongeféier 50 Entreprisen aus der Staad sin Member bei eis. Onse Comité lauschtert sénge Memberen no an ënnerhëllt alles fir de lokalen Handel ze beliewen.

ONS AUFGABEN

Op Initiativ vun der UCClervaux an an Zesummenaarbecht mat der Geméng gin all Joer eng Rëtscht vun Verkaafsaktiounen organiséiert:

  • Chrëschtmaart
  • Ouschtermaart
  • Monatlichen regionale Maart (März – Oktober)
  • Braderie (1. Sonndeg am September)
  • Gruselfest (Halloween) (31. Oktober)
  • Provence Maart (Juni)
  • Salon du Mariage (März)

Dës Aktiounen ginn natiirlech mat Publicitéit ënnerstëtzt (Flyer, Annoncen, Radiospotten), ouni eis regemässeg Präsenz um Facebook an eis eege Website ze vergiessen.

D’UCClervaux hëlleft zesummen mat der Geméng den Entreprisen déi sech zou Cliärref nidderloosse wëllen. Mir hëllefen Iech bei der Sich no geeegneten Verkaafsflächen a beroden Iech op Ufro fir iech eng schnell an erfollegräich Integratioun an Cliärrwer Geschäftswelt ze erméiglechen.

Kontakt:

UCClervaux
B.P. 42
L-9701 Clervaux
E-Mail: contact@ucclervaux.lu
Website: https://ucclervaux.lu

KONTAKTFORMULAR

12 + 1 =