SHOPPEN ZOU CLIÄRREF
AKAAFEN WEI DOHEEM
COMMERCE
D’Geschäftswelt vu Kliärref ass charakteriséiert duerch seng Diversitéit an hir héich Qualitéitsuspréich. Déi meescht Geschäfter ginn nach vum Propriétär gefouert, an de Client ass spréichwiertlech de Kinnek Egal ob Dir no Moud oder Bijoue sicht oder éischter no regionalem Iessen, d’Auswieliel an de Geschäfter léisst kee Wonsch op.. An eise Motto ass net fir näischt: Akafen wéi doheem
HANDWIERK
Als kantonal Haaptstad hat Kliärref ëmmer eng grouss Palette vun Handwierksbetriber. Dës si charakteriséiert duerch Qualitéit a Präisbewosstsinn. An trotz dem ländlechen Ëmfeld si se um héchsten Niveau vun Technologie a Fäegkeet. Hir Fäegkeet fir de Client méi wéi zefridden ze stellen ass e grenziwwerschreidende Begrëff.
GASTRONOMIE
Als Touristenzentrum vum Norden huet Kliärref eng ganz laang Traditioun a Gastronomie an a Gaaschtfrëndlechkeet. D’Restauranten an d’Snackbars bidden souwuel lokal wéi international Gastronomie op engem ganz héijen Niveau. Doniewt ass d’Offer vun Hotels an Ënnerbréngung villsäiteg a geet bis zu 4-Stären Hotel
DÉNGSCHTLEESCHTUNG
D’Serviceoffer zu Kliärref ass villsäiteg an adaptéiert un d’wirtschaftlecht Ëmfeld. Zousätzlech zu de Banken, Versécherungsagencen, Immobilien a Geschäftsberoder, fann Dir och Schéinheets- a Gesondheetsinstituter, Coiffeurssalonen a Fitness Coaching.
NEWS AN EVENTS
Veranstaltungen
NEWS A MANIFESTATIOUNENCLIÄRRWER MAART Mam Fréijoer fänkt och de Cliärrwer Maart un. Dëse Geméis- an Kleedermaart ass schonn zur Tratitioun ginn. Hei fannt der frëscht Geméis an Uebst an héichster Qualitéit, Kleeder, Haushaltsartikelen, regional Produkter, asw. De...
GENERALVERSAMMLUNG UNION COMMERCIALE ET ARTISANALE DE CLERVAUX
28. März 2023 - 19:00 Uhr - Kulturzentrum am Schlass vu Cliärref
Cliärrwer Braderie 2022
NEWS A MANIFESTATIOUNENWann? 11. September von 10:00 bis 18:00 Uhr Wo? FUSSGäNGERZONE UND MARKTPLATZBraderie zou Cliärref Kommt op d'Cliärrwer Braderie wou eis Geschäftslekt an d'Maarthändler Iech gutt Affairen ubidden. Iessen an Drénken vun jiddfer Zort:...
NEWSLETTER
Wann Dir déi läscht Neiegkeeten, speziellen Offeren vun eise Memberen oder Informatioun iwwer Eventer wëllt kréien, da sot eis w.e.g. Är E-Mail Adress. Mir soe Merci fir Äert Vertrauen.